Jugendrallye 2025

  • Date le 28.06.2025 de 16:00 à 22:00
  • Lieu JUMO – 1 rue de l’Église L-3917 Mondercange
Jugendrallye

D’Gemeng Monnerech an Zesummenaarbecht mat der Jugendkommissioun, dem JUMO, der Monnerecher Musek an dem CISMR, organiséiert hiren 1. Jugendrallye.

 

Falls du mat denger Ekipp interesséiert bass matzemaachen, fënns du hei e puer wichteg a nëtzlech Informatiounen:

 

  • De Rallye ass den 28. Juni 2025
  • Umeldeschluss ass den 13. Juni 2025
  • Check-in ass vu 15-16h am Jugendhaus zu Monnerech (1, rue de l’Église L-3917 Monnerech)
  • Busarrêt: Mondercange, Dokter (Ligne 612 + Ligne 641)
  • All Ekipp muss aus 4 bis 6 Leit bestoen
  • Fir Jonker tëscht 12 a 26 Joer
  • D’Participatioun kascht 5€ pro Persoun
  • An deene 5€ ass en Iessen (Grill) an e Gedrénks mat abegraff
  • W.e.g. eng regruppéiert Bezuelung maachen (zB: 5 Persounen à 25€ iwwerweisen)
  • Bei der Bezuelung w.e.g. d’Mentioun ‚Jugendrallye + Numm vun der Ekipp‘ an der Kommunikatioun uginn
  • D’Umeldung ass fix, soubal bezuelt ass
  • Fir de Wee brauchs de d’App ‘Komoot’. Se ass gratis.
App Komoot

Wat soll ee matbréngen?

  • Fest Schung
  • Kleeder, déi de Wiederkonditiounen ugepasst sinn
  • Handy
  • Eventuell eng Powerbank
  • Warnwesten
  • Block
  • Bidon fir mat Waasser ze fëllen
  • E bësse Cash

 

Loscht matzemaachen?

Da mell dech bis den 13. Juni spéitstens un.