Kabaret Sténkdéier
- Date le 07.03.2026 de 20:00 à 22:30
- Lieu Centre Culturel Beim Nëssert
De Schäfferot vun der Gemeng Monnerech freet sech 2026 erëm d'Ekipp vum Kabaret Sténkdéier am Centre Culturel "beim Nëssert" zu Biergem begréissen ze dierfen.
Reservéiert vun elo un Är Plazen online op www.ticket24.lu!
Ufank um 20 Auer - d'Diere maachen um 19 Auer op.
Keng reservéiert Sëtzplazen, den éischten ass vir.
Fir e klenge Maufel an e Patt ass gesuergt.
***
Eise schéine bloe Planéit brennt, d'Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspigel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grenzkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laang wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?
“Et gëtt héich Zäit” ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d'Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdeem nach laache wëll, ass hei genau richteg. Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!
Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an akkordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet Trump dem Papp, Putin dem Jong a Xi Jinping dem hellege Geescht.
Et spillen : Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Muller, René Engel, Luc Schumacher
Texter : Roland Meyer
Musek : Camille Nanquette
Regie : Joe Heintzen